Kinder Joy of Moving beim TC Senningerberg
Kinder Joy of Moving beim TC Senningerberg
Mat vill Freed hunn d'Nowuessspiller um Kinder Joy of Moving Tennis Trophy beim TC Senningerberg deelgeholl. Gléckwonsch un all Participant.
Follgend Spiller hunn sech duerchgesat:
U10 Meedercher: Elena Schiltz
U10 Jongen: Sacha Villeneuve (Finalist: Aman Mujkic)
U12 Meedercher: Mia Maric (Finalistin: Victoria Wagner)
U12 Jongen: Antonio Marinelli (Finalist: Noah Dubosq)
De Fair-play-Trophy ass un de Kolos Nagy (U12) gaangen.
Dee leschte Kinder Joy of Moving Tennis Trophy fir U10- an U12-Spiller vun der Saison hei zu Lëtzebuerg leeft aktuell beim TC Sandweiler.
D'Gewënner an de Kategorien U10 an U12 hunn um Enn vum Joer d'Méiglechkeet, um Masters Kinder Joy of Moving an der Rafa Nadal Academy deelzehuelen.