D'Davis Cup Team spillt an Neuseeland

18.03.2025
Tennis national/international

Formation continue

Service, Retour ... Lire la suite


13.03.2025
Tennis national/international

Tennis Corporate: ...

La FLT réitère ... Lire la suite


06.03.2025
Tennis national/international

Fir d'SEAT Lëtzebuerg Davis ...

En Donneschdeg ... Lire la suite


09.09.2024 Tennis national/international

D'Davis Cup Team spillt géint Neuseeland

De 14. a 15. September trëtt d'Seat Lëtzebuerg Davis Cup Team zu Palmerston North an Neuseeland an der World Group II géint Neuseeland un. 

De Kapitän Gilles Muller huet fir des Renconter follgend Spiller nominéiert:

- Chris Rodesch

- Alex Knaff

- Aaron Gil Garcia

- Raphael Calzi

- Gilles Kremer 

Domat bleift d'Ekipp déi selwecht, wéi am Februar a Kolumbien. Begleet gëtt si vum Kiné Benjamin Chassin an dem Mike Welter aus dem Conseil d'administration vun der FLT.

D'Spiller si schonn Enn August op Hong Kong geflunn, fir sech do op d'Renconter an Neuseeland ze preparéieren. De Chris Rodesch konnt hei 2 Tournoi'en zu senge Gonschten entscheeden.

Gespillt gëtt Indoor an der Fly Palmy Arena zu Palmerston North. De Gewënner vun der Renconter qualifizéiert sich fir 2025 fir d'Play-Offen vun der World Group I. D'Matcher gi jeeweils um 12 Auer Lokalzäit (2 Auer moies Lëtzebuerger Zäit) un. Weider Detailer fannt Dir um Site vum Davis Cup.