D'Lëtzebuerger Tennis Federatioun trauert em hire fréieren Tresorier François Thill

10.10.2024

21.09.2024

13.05.2024

02.10.2024 Divers

D'Lëtzebuerger Tennis Federatioun trauert em hire fréieren Tresorier François Thill

Vun 2003 bis 2013 war de François Thill en immens engagéierten an ëmmer joviale Member vum FLT Verwaltungsrot, ëmmer mam Zil den Tennissport am Land virunzebréngen. Fir hie war d’FLT Aufgab ëmmer méi wéi just eng Niewebeschäftegung, et war eng benevole Aufgab déi hie mat ganz vill Passioun a Freed erfëllt huet.

De Conseil d'Administration seet dem François Thill MERCI fir säin onermiddlecht Engagement fir de Lëtzebuerger Tennis a schwätzt senger Famill a senge Frënn säin häerzlechst Bäileed aus.