D'Lëtzebuerger Tennis Federatioun trauert em hire fréiere Generalsekretär François Dahm

10.10.2024

02.10.2024

13.05.2024

21.09.2024 Divers

D'Lëtzebuerger Tennis Federatioun trauert em hire fréiere Generalsekretär François Dahm

Mam François Dahm verléiert d'Lëtzebuerger Tennis Federatioun hire fréiere Generalsekretär. Vun 2003 bis 2013 stoung de François Dahm als FLT Generalsekretär am Déngscht vum Lëtzebuerger Tennis an huet d'FLT op villen Niveaue representéiert, national wéi international.
Am FLT Verwaltungsrot fir den Tennissport hei am Land ze schaffe war ëmmer méi wéi just eng Niewebeschäftegung, et war eng benevole Aufgab déi hie mat vill Passioun erfëllt huet.

De Conseil d'Administration vun der FLT seet dem François Dahm e grousse MERCI fir säin onermiddlecht Engagement fir de Lëtzebuerger Tennis a schwätzt senger Famill a senge Frënn säin éierlecht Bäileed aus.