Davis Cup: Lëtzebuerg féiert an Neuseeland mat 2:0

26.09.2024
Tennis national/international

Éierung vum SEAT Lëtzebuerg ...

E Mëttwoch gouf ... Lire la suite


15.09.2024
Tennis national/international

Davis Cup: Lëtzebuerg gewënnt ...

D'Seat ... Lire la suite


13.09.2024
Tennis national/international

Davis Cup: Dëse Weekend ...

Dëse Weekend ... Lire la suite


14.09.2024 Tennis national/international

Davis Cup: Lëtzebuerg féiert an Neuseeland mat 2:0

D'Seat Lëtzebuerg Davis Cup Team läit nom éischte Spilldag am Davis Cup an der Weltgrupp II zu Palmerston North géint Neuseeland mat 2:0 a Féierung.

Den Alex Knaff konnt um Samschdeg den éischten Eenzel géint de Kiranpal Pannu an dräi Sätz mat 6:1, 6:7, 7:5 fir sech entscheeden. Am zweeten Eenzel huet sech de Chris Rodesch kloer mat 6:2, 6:4 géint den Ajeet Rai duerchgesat.

E Sonndeg stinn nach den Dubbel tëscht dem Finn Reynolds/Rubin Statham an dem Chris Rodesch/Alex Knaff souwéi d'Eenzel Kiranpal Pannu - Chris Rodesch an Ajeet Rai - Alex Knaff un. Fir d'Renconter ze gewannen an sech fir 2025 fir d'Play-offe vun der Weltgrupp I ze qualifizéiere muss d'Seat Lëtzebuerg Davis Cup Team nach ee vun dëse Matcher fir sech entscheeden.

D'Matcher ginn nees um 12 Auer Lokalzäit (2 Auer moies Lëtzebuerger Zaït) un. Och um Sonndeg gëtt et op der australescher Säit Stuff e Livestream an Ticker.