Aug 22 2024

Lieu: Kockelscheuer

Innside by Meliã Padel Cup

innside Melia Padel Cup
Compétitions

Vum 22. bis 24. August fënnt mam Innside by Meliã Padel Cup den éischten internationale Padel-Tournoi hei zu Lëtzebuerg statt. Dëst ass dann och den éischten Optrëtt vun der Lëtzebuerger Padel-Nationalekipp, déi sech aus follgende Spiller zesummesetzt: Michel Zeniti, Tom Maquel, Ahmed Youssef, François Planchard, Mederic Thill, Elie Noe Nicolay, Céline François, Claudine Schaul, Laurence Maringer, Laure Felgen, Kelly Reiff, Walquiria Bley. 
Lëtzebuerg trefft bei dësem Tournoi op d'Nationalekippen aus Moldawien, Andorra an Island souwéi op eng Regionalekipp aus dem Saarland.

D'Poule ginn en Donneschdeg, 22. August, ausgeloust, gespillt gëtt e Freideg (23. August) an e Samschdeg (24. August) jeeweils vun 10 Auer un am CK Sportcenter op der Kockelscheier. D'Finall ass fir e Samschdeg um 16 Auer virgesinn.