Billie Jean King Cup: Claudine Schaul nei Kapitänin
Billie Jean King Cup: Claudine Schaul nei Kapitänin
D'Claudine Schaul gouf e Freideg als nei Kapitänin vum Billie Jean King Cup virgestallt. Domadder iwwerhëlt déi eemoleg Nummer 41 vun der Welt d'Nofolleg vum Anne Kremer. Lëtzebuerg spillt dëst Joer an der Europa Grupp III, dëst vum 16. bis den 21. Juni am Chisinau Arena Tennis Club a Moldawien.
Nieft Lëtzebuerg trieden hei Albanien, Andorra, Armenien, Aserbaidschan, Finnland, Irland, Island, Malta, Moldawien, Montenegro a San Marino un.
Am Préselektiounskader vu Lëtzebuerg sti follgend Spillerinnen: Marie Weckerle (WTA 593), Leila Fabbri, Eléonora Molinaro, Laura Palumbo, Lucie Rabiot, Else Vander Stichele an Onalee Wagner.
- BJKC Communique Presse (247.92 Ko)