D'SEAT Lëtzebuerg Davis Cup Team steigt an d'Weltgrupp I op!
D'SEAT Lëtzebuerg Davis Cup Team steigt an d'Weltgrupp I op!
D'SEAT Lëtzebuerg Davis Cup Team huet sech de Weekend an der Coque mat 3:1 géint Litauen duerchgesat a steet elo an der Weltgrupp I.
Nodeems de Chris Rodesch sech am éischten Eenzel dem Edas Butvilas huet misse geschloe ginn, konnt den Alex Knaff duerch eng Victoire géint de Vilius Gaubas op 1:1 ausgläichen. Um 2. Dag hunn sech de Chris Rodesch an den Alex Knaff an der ausverkaafter Coque an hirem Dubbel géint den Duo Gaubas/Butvilas duerchgesat an och de Chris Rodesch konnt säin Eenzel géint de Vilius Gaubas gewannen.
Gléckwonsch der Ekipp an e grousse Merci un déi iwwer 1.000 Fans, déi d'Spiller 2 Deeg laang esou kräfteg ënnerstëtzt hunn.