International Präsenz vum Christian Pepin als Supervisor a Referee

23.07.2024
Compétitions FLT

Gilles Kremer an Eléonora ...

De Gilles Kremer ... Lire la suite


08.07.2024
Compétitions FLT

SEAT League: Weideren Doublé ...

D‘Spora huet ... Lire la suite


01.07.2024
Compétitions FLT

SEAT League: Spora an ...

An der SEAT ... Lire la suite


30.09.2024 Compétitions FLT

International Präsenz vum Christian Pepin als Supervisor a Referee

Lëtzebuerg war am Mount September duerch eisen internationalen Arbitter Christian Pepin op net manner ewéi 3 Evenementer vertrueden.

Ufanks September wor de Christian als ITF Supervisor um ITF WTT W50 vu Saint Palais sur Mer am Asaz.

Déi Woch drop ass et fir hien an Ägypte gaange, wou hien als Davis Cup Referee am Asaz wor fir d'Renconter am Welt Grupp 2 zwëschent Libanon a Süd Afrika ze leeden. Et wor dëst dem Christian säin drëtten Asaz dëst Joer als Referee op engem Davis Cup, no Norwegen am Februar a Montenegro am Juni.

Déi läscht Woch wor de Christian zu Orléans um ATP Challenger 125 als Referee am Asaz.

Zanter Ufanks vum Joer huet de Christian op net manner ewéi 11 Internationalen Tournoien als Offizielle matgewierkt.

D'FLT ass frou op dem Christian seng Erfarungen op internationalen Evenementer zeréck gräifen ze kënne bei nationalen Evenementer awer och bei der Formatioun vun néien Arbitteren.

Bass och du interesséiert dech am Tennis Arbitrage s'engagéieren? Da mëll dech bei eis: carbitrage.flt.lu@gmail.com