AGO FLT: Ekipp ëmm Präsident Claude Lamberty bestätegt

10.05.2024
Evénements/Cérémonies

D'FLT um COSL Spillfest

D'FLT war ... Lire la suite


08.12.2023
Evénements/Cérémonies

7. Plaz fir d'Davis Cup Ekipp

Bei der Awards ... Lire la suite


04.12.2023
Evénements/Cérémonies

Top Executives Meeting den ...

Hutt Dir ... Lire la suite


30.09.2024 Evénements/Cérémonies

AGO FLT: Ekipp ëmm Präsident Claude Lamberty bestätegt

E Freideg den Owend huet déi national Tennisfederatioun (FLT) hir uerdentlech Generalversammlung zu Bierden am Centre Culturel « A Maesch » ofgehal. Hei gouf d’Ekipp ëmm de President Claude Lamberty fir déi nächst 3 Joer bestätegt.

D’FLT zielt mëttlerweil ronn 13.000 Lizenzen. Hei konnt am leschte Joer an allen 3 Sportaarten, déi mëttlerweil an der FLT regruppéiert sinn, nämlech dem Tennis, dem Padel an dem Pickleball, e weidere Wuesstum verzeechent ginn.

Zu de Prioritéite fir dat neit Mandat zielen Investissementer an Infrastrukture fir den Tennis, de Padel an de Pickleball. Dës Investitioune sinn absolut noutwendeg, fir hei weiderzekommen, ass de Verband allerdéngs op déi lokal an national Autoritéiten ugewisen.

Eng weider Prioritéit ass et, den Developpement zesumme mat de Veräiner ze verdéiwen. Hei stellt d’Federatioun Gelder zur Verfügung, fir verschidden Zieler gemeinsam ze erreechen. Zu den Zieler zielt de Recyclage vu benotzten Tennisbäll, fir den Tennis méi nohalteg ze gestalten, awer och d’Promotioun vum Arbitrage, vun internationalen Tournoien (ITF, Tennis Europe), vun deenen d’Lëtzebuerger Spiller kenne profitéieren, vun neie Lizenzen am Juniorsberäich souwéi vu Padel-Tournoien, engem Interclub a Schoulprojeten am Pickleball.

2024 konnt d’FLT eng Persoun astellen, déi fir den Developpement, d’Formatioun an d’Kommunikatioun tëscht Verband a Clibb zoustänneg ass. D’FLT ass optimistesch, sech kënnen 2025 weider ze professionaliséieren.

Als 53. Veräi gouf um Kongress de Padel Club Luxembourg City an d’FLT opgeholl. Weider gouf ofgestëmmt, dass d’Finalle vum Interclub-Championnat 2025 beim TC Nordstad wäerte stattfannen an d’Generalversammlung d’nächst Joer beim TC Iechternach, deen dann 100 Joer feiert, ofgehal gëtt.

Déi nei Zesummesetzung vum Conseil d’administration
LAMBERTY Claude TC Howald President
RICHARTZ Chris TC Nordstad Secrétaire général
STEGMANN Markus TC Howald Trésorier
BERNA Charles Tennis Spora Membre
DEGREGORI Karine  TC Senningerberg Membre
FELGEN Jemp  TC Husen Membre
FELGEN Laure TC Husen Membre
GELHAUSEN Marc TC Nordstad Membre
PASTORET Cathy   TC Esch Membre
PEPIN Claire  TC Esch Membre
SCHAUL Claudine TC Arquebusiers Membre
SCHILTZ Denise   TC Schifflange Membre
SCHLECK Christian  TC Arquebusiers Membre
WELTER Mike TC Grevenmacher Membre
WIRTZ Tom  TC Grevenmacher Membre

 

Déi nei Zesummesetzung vum Tribunal fédéral
ENGELHARDT Alain TC Howald
HOFFMANN Joe  TC Bissen
PFISTER Laurent TC Belvaux
RATHS Tom TC Sandweiler
ROLLER Marc TC Schuttrange
SCHWARTZ Anne TC Arquebusiers
WEBER Caroline  Tennis Spora