SEAT League: Titelverdeedeger Spora un der Spëtzt
SEAT League: Titelverdeedeger Spora un der Spëtzt
Um 5. Spilldag vun der SEAT League konnte sech bei den Hären Schëffleng géint Esch, Spora géint Arquebusiers, Houwald géint Péiteng a Cap on Line géint Conter duerchsetzen. Bei den Damme goufen et kloer Victoire fir Péiteng géint Gréiwemaacher, Spora géint Houwald an Arquebusiers géint Bouneweeg. Stengefort a Jonglënster hu sech 4:4 getrennt.
Am Klassement läit Spora bei den Hären an Damme fir.
D'komplett Resultater sinn op der Säit vum Interclub ze fannen.