BJKC: Lëtzebuerg verléiert géint Irland
BJKC: Lëtzebuerg verléiert géint Irland
Um 3. Spilldag huet sech d'Seat Lëtzebuerg Billie Jean King Cup Team missten Irland mat 0:3 geschloe ginn.
D'Lucie Rabiot huet säin Eenzel géint d'Sinead Lohan mat 4:6, 0:6 verluer, fir d'Marie Weckerle gouf et am Eenzel eng 6:3, 4:6, 1:6-Defaite géint d'Celine Simunyu. Am Dubbel hunn d'Claudine Schaul an d'Erna Brdarevic 1:6, 1:6 géint d'Shauna Heffernan an d'Sarah Hawkshaw verluer.
Domat beleeën d'FLT-Spillerinnen déi 2. Plaz am Grupp C. An den nächsten Deeg spillt Lëtzebuerg zu Chisinau a Moldawien géint Moldawien an Armenien ëmm d'Plaze 4 bis 6 an der Europa-Grupp III. En Opstig an d'Europa/Afrika-Grupp II fir 2025 ass net méi méiglech.
Weider Informatiounen sinn op der Säit vum Billie Jean King Cup ze fannen.