Winter Cups: D'U14 an d'U16 am Asaz

15.07.2024
Tennis national/international

Kinder Joy of Moving zu Esch

Mat vill Freed ... Lire la suite


21.06.2024
Tennis national/international

Lëtzebuerg schléisst de ...

D'Seat ... Lire la suite


20.06.2024
Tennis national/international

Weider Defaite fir ...

D'Seat ... Lire la suite


02.02.2024 Tennis national/international

Winter Cups: D'U14 an d'U16 am Asaz

No den U12 de leschte Weekend huelen dëse Weekend d'U14- an d'U16-Jongen un de Winter Cups deel.

D'U14 trieden zu Pornic a Frankräich an der Grupp B un, zu där nieft Lëtzebuerg och nach d'Belsch, Dänemark, Frankräich, Groussbritannien, Portugal a Serbie gehéieren. An der éischter Ronn treffen d'FLT-Spiller op Serbien. Och wann dëst opgrond vum Natiounenranking e schwéiere Match gëtt, sinn den Nicolas Schiltz, Nick Wirtz a Sebastien Nosbusch, déi vum Mathieu Da Silva begleet ginn, voll motivéiert.  

Bei den U16 vertrieden den Olaf Zielinski, de Maxime Rodesch an den Dylan Leigniel d'FLT zu Leeuwarden (NL). Hei treffen si am éischte Match op Litauen. Begleet ginn si vum Frédéric Baade. Weider Géigner an der Grupp B sinn d'Belsch, Estland, Frankräich, Däitschland, Ungarn an Holland.