De Jacob Fearnley wënnt de Männertournoi zu Esch
De Jacob Fearnley wënnt de Männertournoi zu Esch
No senger Victoire am Dubbel un der Säit vum Alex Rybakov huet de Jacob Fearnley och de Simpel beim M25 zu Esch am CNT gewonnen. De brittesche Spiller huet sech e Sonndeg an der Finall mat 6:4, 6:4 géint den Tschech Jonas Forejtek duerchgesat.
Och d'nächst Woch gëtt den Tennis zu Esch grouss geschriwwen. Den Dammentournoi, deen um Sonndeg ugefaang huet, geet nämlech nach weider.