D'Nowuessspiller sinn zu Montbéliard
D'Nowuessspiller sinn zu Montbéliard
Net nëmmen zu Esch gëtt Tennis gespillt. Eng Rei Spiller aus dem A-Kader vun der FLT sinn dëse Weekend beim TMC U12 vum ASCAP zu Montbéliard a Frankräich am Asaz.
Den Noé Rousseau, de Mirko Paffenholz an den Nicolas Medda notzen dësen Tournoi, fir sech op de Winter Cup ze präparéieren. Bei de Meedercher spillen d'Lina Osmanovic, d'Mia Maric an d'Ina Palamar.
D'FLT Spiller gi vum Anne-Laure Heitz an dem Mathieu Da Silva begleet. Jidderee kritt 4 Matcher ze spillen.