D'Ekipp fir den Davis Cup a Kolumbie steet

18.03.2025
Tennis national/international

Formation continue

Service, Retour ... Lire la suite


13.03.2025
Tennis national/international

Tennis Corporate: ...

La FLT réitère ... Lire la suite


06.03.2025
Tennis national/international

Fir d'SEAT Lëtzebuerg Davis ...

En Donneschdeg ... Lire la suite


23.01.2024 Tennis national/international

D'Ekipp fir den Davis Cup a Kolumbie steet

Den 2. an 3. Februar trëtt d'Seat Lëtzebuerg Davis Cup Team zu Bogota an de Play-offe vun der World Group I géint Kolumbien un. 

De Kapitän Gilles Muller huet follgend Spiller nominéiert: 

- Alex Knaff

- Chris Rodesch

- Aaron Gil Garcia

- Raphael Calzi

- Gilles Kremer

Fir den Aaron Gil Garcia ass et déi éischt Nominatioun fir den Davis Cup. Begleet gëtt d'Ekipp vum Trainer Till Salme, dem Kiné Benjamin Chassin an dem Mike Welter aus dem Conseil d'administration vun der FLT.

Well de Chris Rodesch an Amerika studéiert an sech do op d'Renconter géint Kolumbie präparéiert, feelt hien op der Foto vun der Ekipp.