Raphael Calzi an Amaury Raynel am Dubbel an der Finall
Raphael Calzi an Amaury Raynel am Dubbel an der Finall
De Raphael Calzi huet sech zesumme mat sengem franséische Partner Amaury Raynel beim Luxembourg Open um CNT zu Esch fir d'Finall vum Dubbel qualifizéiert, dëst mat enger 6:2, 7:6 Victoire géint d'Fransouse Clement Chidekh/Luca Sanchez. D'Finall gëtt e Samschdeg no 18 Auer gespillt.
Am Simpel stinn d'Halleffinalisten fest. E Samschdeg um 14 Auer trëtt den Tschech Jonas Forejtek an der éischter Halleffinall géint de Clement Chitekh aus Frankräich un. Dono spillen de Yanki Erel aus der Tierkei an de Brit Jacob Fearnley géinteneen.
- Order of play 06_01 (253.83 Ko)