FLT-Detektiouns- a Selektiounstournoi zu Gréiwemaacher
Den éischten FLT-Detektiouns- a Selektiounstournoi vun der Saison 2023/24 huet an der Allerhellegevakanz beim Tennis Club Gréiwemaacher stattfonnt.
Merci dem Club fir déi super Organisatioun!
Hei sinn d'FLT-Selektioune fir déi nächst Qualifikatioune vun de Winter Cups 2024 Enn Januar/Ufank Februar:
U12 Jongen: Mirko Paffenholz, Noé Rousseau, Nicolas Medda
U14 Jongen: Nicolas Schiltz, Sébastien Nosbusch, Nick Wirtz
U16 Jongen: Dylan Leigniel, Olaf Zielinski, Maxime Rodesch
Eng Detektioun a Presenz vum ETN gouf et och bei der Etappe vun den U8 den 29. Oktober (17 Participanten), wouropshin e puer Kanner op e Rassemblement am CNT invitéiert goufen.