COVID-19 - News Ouverturen vir den Tennis

08.07.2024
Compétitions FLT

SEAT League: Weideren Doublé ...

D‘Spora huet ... Lire la suite


01.07.2024
Compétitions FLT

SEAT League: Spora an ...

An der SEAT ... Lire la suite


24.06.2024
Compétitions FLT

SEAT League: D'Spora féiert ...

No 6 Spilldeeg ... Lire la suite


23.04.2021 Compétitions FLT

Gutt News! Kompetitiounen am Tennis zu Lëtzebuerg nees erlaabt. Den Tennissport profitéiert vun Ouverturen am neie COVID Gesetz a ka senge Spiller a Spillerinnen nees Kompetitiounen ubidden.

Erlaabt sinn ab dem 26. Abrëll 2021 Kompetitiounen am Simpel (Dubbelkompetitiounen dierfe weiderhin net gespillt ginn) ënnert der Viraussetzung vun engem negative Schnelltest oder dass een en negative PCR Test ka virweisen.

Weiderhin dierfe keng Zuschauer op den Terraine sinn. Just d'Spiller, d'Trainer, de Staff an d'Encadrante vun de Spiller sinn erlaabt. Och dierf keng extra punktuell Buvette wärend de Kompetitioune funktionéieren.

Konkret heescht dat, dass all Veräin nees dierf Tournoie starten an dat heescht och, dass esou wéi d'Veräiner et an der VISIO mat der FLT majoritär beschloss haten, dass déi 1.Phase vun engem Spezial-Interclub de Weekend vum 1.Mee ka starten. Detailer a punkto Tester a Spillmodus ginn an den nächsten Deeg un är Veräiner.