Keng Kompetitiounen bis den 14. Mäerz erlaabt
Léif Spiller,
Duerch di aktuell an och di nei gesetzlech COVID Mesuren déi de Sport betreffen huet de Sportsministère preziséiert dass mir bis (Stand haut) de 14. Mäerz 2021 kee Championnat individuell an och soss keng Kompetitioun dierfe spillen oder organiséieren. Aus dësem Grond muss d'FLT dann och leider alles wat am sportleche Kalenner steet bis mindestens Mëtt Mäerz aussetzen.
Soubal d'Reouverture vun de Kompetitioune méiglech ass deele mir iech dat mat.
Mat sportleche Gréiss,
Den CA vun der FLT